
La fête des voisins en bref
D’Nopeschfest favoriséiert de sozialen Zesummenhalt andeem et d’Leit oprifft hir Noperen ze begéinen a kennenzeléieren. D’Nopeschfest ass 1999 a Frankräich an d’Liewe geruff ginn an huet sech 2004 op ganz Europa ausgebreet. D’lescht Joer, 2007, hun méi ewéi 7 Millioune Leit an 28 Länner um Nopeschfest deelgeholl. Fir dëst Evenement weider z’entwéckelen huet d’Fédération Européenne des Solidarités de Proximité d’Koordinatioun, d’Organisatioun an d’Promotioun vum Nopeschfest zu Lëtzebuerg dem‚ Nopeschfest Lëtzebuerg’ uvertraut. Fir weider Informatiounen www.nopeschfest.lu oder www.fetedesvoisins.lu.


